30 Joer Feier CRL


10 April 2019

Mir lueden Iech häerzlech an vir mat eis den 18. Mee 2019 eis 30 JOER CRL zefeieren!

Dat ganzt fennt Samstesowes am Zelt um Reitturnéier am Reistall um Rouscht statt.

Ab 19:00 Auer ass vir alles bäschtens gesuercht:
Vir gudd Stemmung suergt Lisa Mariotto,
Vir dass mir nit mat eidelem Moo heem gin, suergt de Restaurant Maus Ketty vun Schengen

Mellt iech weg. bis den 10. Mee iwwer E-Mail un: romaine.rollinger@gmail.com


E puer Eckdaten:

Am Joer 1989 as den CRL mam RCR (Reid-Club Réiden) gegrënnt gin!
Den deemolegen Sëtz war d'Reitanlag Albert Zigrand zu Réiden.

Am Joer 1993 huet den RCR de Numm an och de den Setz gewiersselt:
Aus RCR ass CRL (Cavaliers Réunis Luxembourgeois) gin an de Sëtz war ab dunn an der Reitanlage Albert Feyder zu Kehlen.

Den Beitrett an Letzebuerger Fédératioun (FLSE) ass 1994 zu Stahne komm.

2019 huet den CRL den Setz op den Rouscht verluecht (Reianlag Van der Weken Hubert).

Dat 100'st organiséiert Turnéier vum CRL war den 22. Februar 2014 en WBO Haalen Turnéier um Rouscht!!