Trainingssprangen 08.03.2020
05 March 2020
Well mier "de BETTENER REITCLUB" leider nët genuch Reider zesummen kruten fier eist Sprangturnéier ze organiséieren, ass dëst an en Trainingssprangen ëmgewandelt gin.
Et waert awer alles oflaafen wéi op engem normalen Turnéier mat Siegerehrung an Praisgelder! Deen eenzegen Ennerscheed ass, dass dier nët onbedingt an Turnéierkleedung braucht ze reiden, an dass keng Riichter do sin.
Déi Reider, déi schon iwert Neon gemellt haaten, an nach ëmmer motivéiert sin ze reiden, mussen sech leider nacheemol nei umellen, well dat anert alles stornéiert gët an dier déi Suen och rëm zréck kritt.
Wou? Bettener Reitstall, rue Dell, L-4976 Bettange-sur-Mess
Wéi? Umellung per Mail bis den 05. März (laura.schoumacher@hotmail.com)
Wat? 65 cm – Clear Round
75 cm – Clear Round
E – Fehler + Zait
A* – Fehler + Zait
A** – Fehler + Zait
L – Fehler + Zait
Aner Héichten op UfroWivill kascht dat? 10€ pro Start – Bezuelung op der Plaatz
Weider Informatiounen: Dir braucht keng Lizenz, et handelt sëch ëm eng Trainingsveranstaltung. Dir kënnt sur place nomellen, falls der een Parcours wëllt widderhuelen.
Bei weideren Froen, kënnt der eis per Mail kontaktéieren!
Vill Spaß wënscht de Bettener Reitclub
trainingssprangen.pdf